Eisen NEO erstellt a zeechent a Sekonnen aus ärer Foto eng Karikatur a mécht Är Veranstaltung zum Gespréichsthema. Bucht elo Är Attraktioun fir den nächsten Event!
Vun engem Klick zum Sketch: Live-Zeechnunge suerge fir Wow-Momenter bei Äre Gäscht. Kontaktéiert eis fir Är personaliséiert Offer.
Eisen NEO ass perfekt fir Messen, Business-Event oder Shopping-Center – de Roboter garantéiert Opmierksamkeet. Reservéiert ären NEO nach haut!
							
							
							
							– 2 Stonne Buchung
– 1 Roboter (limitéiert Prints)
– Assistance déi ganz Zait sur place
– Gratis Liwwerung am 30km ronderëm Staat Lëtzebuerg
BESTSELLER
– 4 Stonne Buchung
– 2 Roboteren (maximum u Prints)
– Assistance déi ganz Zäit sur Place
– Personaliséiert Pabeier mat ären Logo (500 Stéck) inklusiv
– Gäscht kréien hir Karikatur och per Mail
– Gratis Liwwerung am 30km ronderëm Staat Lëtzebuerg
– 6 Stonne Buchung
– 2 Roboteren (maximum u Prints)
– Assistance ass déi ganz Zäit sur Place
– Personaliséiert Prints mat ären Logo (500 Stéck inklusiv)
– Gäscht kréien hier Karikatur och per Mail
– Gratis Liwwerung am 30km ronderëm Staat Lëtzebuerg
– Online-Galerie op der Plaz (extern Quelle néideg)
Är Gäscht kréien eng personaliséiert, nogezeechent Skizze amplaz vun enger normaler Foto, alles an Echtzäit, Spaass, Wow-Momenter a dynamesch Erfarungen inklusiv!
Dës Skizze ass en eenzegaartegt Undenken, dat de Gaascht mat heem hëlt a si un d’Event respektiv un är Mark erënnert.
Sou leeft et sur Place dann of:
Är Foto gëtt direkt gemaach an un eise PC geschéckt an den Operateur iwwerpréift op alles OK ass.
Dir wielt nach ären Karikatur-Mini-Kierper um Ipad.
Als Info: Op Wonsch kenne mir och är Karikatur personaliséiere mat eiser KI-Software.
A manner wéi 60 Sekonne gesitt Dir da live, wéi Är Foto virun Ären Ae gezeechent gëtt!
Dir wäert gesinn, dass dat ee Spaass ass fir all Gaascht!
Eisen NEO ass perfekt fir Messen, Business-Event, Shopping-Zenteren oder Firmenfeieren a Gala – Eisen NEO fërdert d’interaktiv Participatioun vun de Gäscht.
Natierlech kann eise Roboter och vir Hochzäiten oder Gebuertsdeeg agesat ginn, frot eis do einfach wou Dir e wéilt asetzen.
Mir kenne gären är Logoen, Slogane a Grafiken op den 10x15cm Skizze-Kaarte placéieren, fir de Marketingwaert vun der Attraktioun ze erhéijen. Denkt just drun alles fréi genuch eranzereechen, well mer personaliséiert Kaarte mussen drécke loosse bei eisem Fournisseur!
Eist Team bitt komplett technesch an organisatoresch Ënnerstëtzung, sou datt d’Attraktioun glat a effizient leeft. Dir braucht Iech dann em näischt ze bekëmmeren a gitt vun eisen Operateuren encadréiert sur Place.
Maacht eng Foto mat eisem Ipad sur Place – de Rescht mécht eis Software an de Sketchkenschtler, den NEO.
D’Software verwandelt Iech automatesch an eng flott Karikatur.
1 bis 2 Bots fänken direkt un ze zeechnen. An net emol enger Minutt ass äre Sketch fäerdeg a kann direkt matgeholl ginn!
D’Karikaturen ginn op 10x15cm Pabeier gezeechent.
Mir kënnen ären Numm, ären Logo oder aner Elementer am ënneschten Deel vum Pabeier derbäisetzen. Dëst Skizzenpabeier ginn dann am Virfeld bei eisem Fournisseur bestallt an kennen sou dann op enger Säit mat ärem Logo an op der anerer Säit vun der Skizze als Werbeträger benotzt ginn.
Dir kënnt de Sketch och digital per E-Mail kréien, nodeems e vum NEO skizzéiert gouf.
Dir gesitt dann nodréiglech op ärem Handy oder Computer wéi ären digitale Sketch gemoolt gouf a kennt är Karikatur ofspäicheren an sou och als Erënnerung behalen.
Wärend dem Event erwächt all Sketch dann zum Liewe gëtt um Ecran oder Beamer ofgespillt an nach eng kéier live gemoolt.
Eis Software generéiert eng Liveshow mat de Karikaturen déi schonns erstallt goufen an dir kennt se dann op enger externer Quelle gesinn. Sou erwëscht dann all Sketch live um Ecran, Gäscht gesinn dann alles an Echtzäit – Spaass – Wowmomenter garantéiert.
Eng normal Steckdous, e Dësch oder eng Théik, a mir si fäerdeg fir Är Gäscht ze begeeschteren!
Opbau ronn 1 Stonn, Plazbedarf jee no Zuel vun de Bots.
Dir kennt och een Upgrades bei eis buchen, frot einfach een Devis bei eis un!
Hei e puer Beispiller:
Gäscht kréien hir Karikatur per Mail + 49€
Online-Galerie op der Plaz (extern Quelle néideg) + 99€
Personaliséiert Pabeier mat ären Logo (500 Stéck) + 149€ HTVA
2ten Roboter vir méi Prints pro Stonn + 249€ HTVA
Zousätzlech Stonn + 499€ HTVA